Événement

Info-Nomëtteg iwwer Alzheimer

Quand :
24 janvier 2022 14:00-16:00
 :
Maison Schauwenbuerg, 2. Stack
Beim Schlass, 7
L-8058 Bertrange
Téléphone :
+352 26 31 22 50 / +352 26 31 22 55

Wat ass Demenz? Wat sinn d’Warnzeechen an d’ Symptomer? Wéi geet et weider no enger Diagnos? Wéi ginn ech mat enger Persoun mat Demenz ëm?

Et ginn ëmmer méi Leit an eiser Gesellschaft, déi entweder selwer betraff sinn oder eng Persoun a hirem Ëmfeld hunn. Dës Situatioune sinn net einfach fir déi Betraffen, awer och net fir d’Famill an d’Frënn.

Op eisem Info-Nomëtteg ginn dës Schwéierpunkte vun enger Oratrice aus dem Info-Zenter Demenz erkläert an Dir hutt och d’Méiglechkeet all Är Froen dono ze stellen.

 

Wou:                 Maison Schauwenbuerg 2. Stack

Sprooch:          Lëtzebuergesch

Entrée:             GRATIS

Umeldung:      26 31 22 - 50 (oder -55) / clubamschlass@bertrange.lu 

                          (bis spéitstens den 17. Januar)

 

Covid-Check Event

Organisatioun: Club am Schlass & Info-Zenter Demenz